Commons:Wëllkomm

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to: navigation, search
Wëllkomm an anere Sproochen:

Alemannisch | aragonés | العربية | অসমীয়া | asturianu | Boarisch | беларуская (тарашкевіца)‎ | Bahasa Banjar | български | বাংলা | català | Cymraeg | dansk | Deutsch | Ελληνικά | English | Esperanto | español | euskara | فارسی | français | galego | עברית | hrvatski | magyar | interlingua | Bahasa Indonesia | íslenska | italiano | 日本語 | 한국어 | Lëtzebuergesch | македонски | മലയാളം | олык марий | Plattdüütsch | नेपाली | Nederlands | norsk nynorsk | norsk bokmål | occitan | ਪੰਜਾਬੀ | polski | português | русский | සිංහල | slovenčina  | slovenščina  | српски  | srpski  | Basa Sunda  | suomi  | svenska  | Türkçe  | ئۇيغۇرچە / Uyghurche  | українська | татарча/tatarça  | Tiếng Việt  | 粵語 | 中文(简体)‎ | 中文(繁體)‎ | Bân-lâm-gú | +/−

Häerzlich wëllkomm bei Wikimedia Commons - der fräier Mediendatebank fir alle Wikimediaprojeten.

Wat ass Wikimedia Commons?

Wikimedia Commons ass eng Mediendatebank, déi net vu bezuelte Kënschtler, mee vu Fräiwëllegen erstallt gëtt. Den Numm "Wikimedia Commons" gëtt vum Projet Wikimedia, wat all Wikimediaprojete leed, an dem englesche Wuert "commons" (gemeinschaftleche Besëtz) ofgeleed, well et ee Gemeinschaftsprojet vun alle verschiddene Wikimediaprojeten an Nationalitéiten ass. Hien stellt vun dohier eng zentral Ophiewungsplaz fir fräi Fotografien, Diagrammer, Animatiounen, Musek, geschwaten Text, Filmstécker an all aner Arte vun digitale Medie bereed, déi fir Wikimediaprojeten ze benotzbar sinn.

Wikimedia Commons benotzt déi selwecht Wiki-Technologie wéi d'Wikipedia a ka vun dohier vu jiddferengem einfach an ouni besonnesch technesch Fähegkeeten direkt am Webbrowser beaarbecht ginn. Am Géigesaz zu de Mediendateien déi an den anere Projeten eropgeluede ginn, kënne bei Wikimedia Commons d'Medien direkt an all Wikimediaprojeten agebaut ginn, ouni dass een se do nacheemol separat eropluede muss.

Wikimedia Commons gouf de 7. September 2004 gegrënnt. Aktuell ginn et hei 40,750,462 Dateien an 41,000,206 Sammlungen (Zuelen an angelsächsescher Notatioun). De 24. Mai 2005 huet Wikimedia Commons d'Grenz vun 100.000 Mediendateie gebrach. Weider Hannergrondinformatiounen iwwert de Projet Wikimedia Commons fannt dir am Impressum, op der Wikipediasäit iwwer Wikimedia Commons op der Säit an der Meta-Wiki.

Am Géigesaz zu traditionnelle Medienarchiven ass Wikimedia Commons fräi. Jiddferee kann déi hei gewisen Dateie kopéieren, benotzen a beaarbechten, soulaang d'Auteure genannt ginn, an d'Kopië mat de Verännerungen mat der selwechter Fräizügegkeet zur Verfügung gestallt ginn. D'Wikimedia-Commons-Datebank als sollech an d'Texter stinn ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun. D'genee Lizenzbedingungen vun all eenzel Mediendatei kënnen op der Beschreiwungssäit fonnt ginn. Weider Informatiounen zu den Notzungsbedingungen...

Bedeelegen

Am beschte kënnt Wikimedia Commons virun, wanns du dat bäisteiers, wats du am beschte kanns:

Är Aarbecht

Bass du e gudde Fotograf, dann zéck net deng schéinste Biller heihinner ze setzen, bass du e gudde Grafiker, da luusst emol wéi eng Diagrammer an Animatiounen dringend gewënscht sinn, sidd Dir e gudde Museker oder Film-/Theaterkënschtler, zéckt net Är Opname vun den Opféierunge vu fräie Stécker hei ze verëffentlechen.

Är Fähegkeeten

Dir muss net onbedengt eege Fichieren hei eroplueden. Et gëtt och nach genuch aner wichteg Aarbecht:

Är Zäit

Dir musst awer net emol e gudde Kënschtler sinn, oder gutt Schreiwe kënnen. Wann d'Schafe vun Uerdnung aus dem Chaos Ärt Element ass, da kënne mer Är Hëllef gebrauchen.

Umellen

Fir op Wikimedia Commons kënnen eropzelueden, musst Dir ugemellt sinn. Dat kënnt Dir maachen andeems Dir op de Link „Log in / create account“ am rietsen Eck vun der Säit klickt. De Benotzernumm gëtt da bei all Ären Aarbechten hei uginn. Wann Dir nëmmen am Text vun de Säite schafft, musst Dir net onbedingt ugemellt sinn (och wann et erwënscht ass).

Éischt-Schrëtt-Tutorial

Eis Hëllefsäit an eis Sammlung vun heefeg gestallte Froen kënnen Iech weiderhëllefen. Si erklären, wéi een d'Uewerfläch upasst (bspw. d'Sprooch), wéi een eppes eroplued an och eis Lizenséierungsrichtlinnen. Dir braucht keng technesch Fähegkeete fir hei matzemaachen. Sief kéng a beweis gudde Wëllen. Dëst ass e Wiki - et ass wierklech einfach.

D'Fichieren op Wikimedia Commons sinn a Kategorien a Gallerien agedeelt. op der Haaptsäit fannt Dir en Iwwerbléck vun de Kategorien.

Zousätzlech Dingschter a Programmer

Wann Dir nach ëmmer Angscht hutt, datt alles ze komplizéiert ass, oder wann Dir gréisser Quantitéite vu Fichieren eropluede wëllt, kënnt Dir de Service fir d'Eropluede vu Fichiere benotzen, fir datt sech aner Leit drëms këmmeren. Wann Dir selwer gréisser Quantitéiten eropluede wëllt, wäert e Programm wéi Commonist oder VicuñaUploader hëllefräich sinn. Wann Dir speziell Informatiounen iwwer d'Geschir fir d'Kucken an d'Ännere vun eisem Inhalt braucht, kuckt w.e.g. eis Programmiwwersiicht.

An elo vill Spaass op de Säite vu Wikimedia Commons.